Lawyers Guns & Money sinn eng Lëtzebuergesch Rockband. Mat hirer eemoleger Attitude an hirem konsistenten Genre ënnerhalen si eng bestänneg wuessend Fanbase. D'Band ass Haaptfigur vun der Reality Show RISE.
RISE ass Nei. Extrem. Spannend. Dramatesch. Sexy. Besser. RISE leeft säit dem 22. September 2012 exklusiv op riseshow.lu
Den Thierry ass verréckt an huet Angscht virun näischt. De Ken kéint eng Atombomm bauen. De Frank spillt iwwerrascht wann en vum Nora Komplimenter gemaach kritt. D'Carolyn seet äiskal wéi den Hues leeft. A beim Gilles geet alles e bësse méi gemittlech.
D'Reality Show vu Lëtzebuerg RISE an all Contenu deen domat a Verbindung steet gouf integral vu Brand your Band produzéiert. Usiichten an Aussoen déi a RISE veräussert ginn entspriechen net zwéngend deenen vu Brand your Band oder soss enger drëtter Persoun déi an der Produktioun involvéiert war.
All Teammemberen si Professioneller aus de Beräicher Audio, Film, Design an Animatioun. Hiert Zil ass et, qualitativ héichwäertegt Material dat enger breeder Mass zougänglech ass ze produzéieren fir d'Lëtzebuergesch Musek-, Design- a Fashionszen ze promoten.
Key Team: Tom Winandy, Patrick Floener, Pol Winandy, Ben Breckler, Stéphane Pianon
Responsabel fir den Inhalt:
Brand your Band a.s.b.l.
RCS Luxembourg F8789